Dokumente
Europa Soziale Medien Facebook
09.06.2025
Post
Tilly Metz (Déi Gréng - Les Verts) 

9.6.24: Genau virun engem Joer sinn ech erëm gewielt ginn...

🗳️🇪🇺9.6.24: Genau virun engem Joer sinn ech erëm gewielt ginn an d’EU-Parlament. Och do bléist méi en haarden an kalen Wand. Di Rietsextrem hunn 186 vun 720 Sëtz- ronn 26%. Manner wéi si erwaart haten an awer genuch fir vill Radau ze maachen. Dat Schlëmmst ass awer dass d’EPP (ausser e puer Ausnamen) - mat 188 Sëtz-zu der och CSV gehéiert- sech ëmmer mi oft ganz kloer mat deenen Extremrietsen alliéiert an/oder en änlechen Narrativ iwwerhëllt. An dat virun allem fir den Naturschutz an Déie...
🗳️🇪🇺9.6.24: Genau virun engem Joer sinn ech erëm gewielt ginn an d’EU-Parlament. Och do bléist méi en haarden an kalen Wand. Di Rietsextrem hunn 186 vun 720 Sëtz- ronn 26%. Manner wéi si erwaart haten an awer genuch fir vill Radau ze maachen. Dat Schlëmmst ass awer dass d’EPP (ausser e puer Ausnamen) - mat 188 Sëtz-zu der och CSV gehéiert- sech ëmmer mi oft ganz kloer mat deenen Extremrietsen alliéiert an/oder en änlechen Narrativ iwwerhëllt. An dat virun allem fir den Naturschutz an Déiereschutz ze schwächen. Mee, och Sozialgerechtegkeet steet um Spill: Accès zu gudden ëffentlechen Servicer sinn a Gefor. Elo steet alles ënnert dem Schlagwuert vun der « Kompetitivitéit » an der « Sécherheet ». Di gréisste Kris , de Klimawiessel an Artenverloscht sinn an den Hannergrond geréckelt. Mee: 👉🏼eng gesond Ëmwelt an en Accès zu effiziente Gesondheetssystemer, 👉🏼an verlässlechen ëffentlechen Transport (e.a. vum Zuch), 👉🏼Onofhängegkeet an der Energieversuergung, 👉🏼Sozialkohäsioun : alles dat gehéiert och zur Sécherheet an zur Kompetitivitéit! An dofir wäert ech mech och weiderhin di nächst 4 Joer mat Häerz a Verstand asëtzen. Dat verspriechen ech iech. 💪🏼 Photo: Tageblatt

Angaben ohne Gewähr. Stand: 09.06.2025